Melody FUNCK

En quelle année avez-vous passé votre Première E ?

Meng Première E hunn ech 2015 gemaach.

Quelles études avez-vous faites par la suite?

No menger Première hunn ech mäin Bachelor am Graphik Design zu Paräis gemaach an duerno sinn ech op Mailand Management vun Luxus Marken studéieren gaangen. Ech wollt nämlech nieft der Konscht och an den Business Beräich goen. 

Dans quel secteur travaillez-vous actuellement ?

Zur zéit schaffen ech als Freelance beim RTL an der Kommunikatioun an Marketing an hunn nieft dem Freelance Job, mäin eegenen Online Magazine lancéiert, den SNOB Magazine. Dëse soll déi Jonk vun Lëtzebuerg wei och am Ausland ënnerstëtzen andeems Interviews mat Interessante Leit gefouert ginn. Méi dozou fënnt een op www.snobthemag.com

Quel est votre meilleur souvenir d’un rendu à l’Athénée ?

Ech hunn vill gutt Erënnerungen un Projeten am Athénée.  Awer een vun deenen beschten Projeten war eng Architektur Maquette duerzestellen beim Jean-Claude Slavi.

Qu’est-ce que la section E vous a-t-elle apporté dans votre parcours professionnel ?

Duerch section artistique gouf ech andauernd gefuerdert. Ech hunn mech selwer besser fonnt an hunn verstanen, dass et méi wei dausend Méiglechkeet ginn, an der Konscht säin Wee ze maachen. 

Et pour finir, un conseil pour les élèves actuels…

Et soll een ni opginn. An et soll een sech bewosst sinn, dass en Konscht Studium, een andauernd an fro stellt an selwer ganz vill schaffen muss. Mä wann een passionéiert ass, vun dem wat een mëscht, dann zielt een seng Stonnen net.

melody-funck
snobthemag

Caroline BOCKLER

En quelle année avez-vous passé votre Première E ? 

Ech hunn meng Première 2009 gemaach.

Quelles études avez-vous faites par la suite?

Ech wollt no menger Première onbedéngt op Paräis studéieren goen. Dëst war fir mech ëmmer t’Staat vun der Konscht an vun der Kreativitéit.
Hei hunn ech op der ECV, Ecole de communication visuelle, ugefaange an och mäin Master als Directrice artistique en communication visuelle et multimédia mat Spezialisatioun Typographie an Editioun ofgeschloss.

Dans quel secteur travaillez-vous actuellement ?

Ech hunn no puer Joer Aarbeschtserfahrung den Graphiksbetrieb Studio 3 vun mengem Papp iwwerholl. Mir sinn Agence an Atelier Publicitaire. Alles vum Stréch um Pabeier, bis den fäerdegen Objet gëtt vun eis an bei eis gemaach. Ouni datt mir t’Berodung natierlech vernoléissegen.

Quel est votre meilleur souvenir d’un rendu à l’Athénée ?

Fir éierlech ze sinn, hunn ech ni een Fach léiwer gehat wie dat anert. Haaptsaach ech konnt Bleisteft an Block an den Grapp huelen an drop lass leen. Woubäi, dach ech mengen t’Grafikscouren an t’Freihandzeechnen hunn mir immens vill bruecht. Net fir näischt hat ech herno op der Uni als Niewefach 5 Joer Nuezeechnen.

Qu’est-ce que la section E vous a-t-elle apporté dans votre parcours professionnel ?

T‘ E-Sektioun huet mir bruecht dat ech mech kreativ konnt ausliewen an heibäi ënnerstëtz an geleet gouf. Ech konnt mech mat aneren austauschen an meng Iddien méi weit bréngen. Während mengem Studium ass mer en plus opgefall datt ech vill geléiert hat, an do wou aner Leit fir t’éischt kéier hunn missen eppes zeechnen oder an engem Konschtgeschichtscours sutzen, hat ech des Saachen schonn deels drop an konnt doduerch vill méi séier schaffen an sinn deementspriechend besser virun komm, well meng Rendu’en méi qualitativ waren.

Et pour finir, un conseil pour les élèves actuels…

Amuséiert Iech an informéiert Iech! Wann Iech eppes gefält an dir mengt t’kënnt dat richteg sinn, dann kuckt un Leit ze kommen di an deem Domaine schaffen an stellt hinnen froen bis se dronken ginn. Maacht Stagen an loosst Iech en Rot ginn. Mee passt op t’muss och net all Rot ugeholl ginn. Fäert net heiansdo och emol en aneren Wee ze huelen. T’Saachen aus engem aner Wénkel ze kucken. Perséinlech fannen ech en kreativen Beruff ze wielen ass eppes immens Flottes well een sou frei ass, op där anerer Säit, muss der Iech och vill méi froen stellen, an wie gesot, heiansdo Weeër huelen déi um Ufank net verständlech sinn.

Studio 3
studio3.lu

Ralph MOUSEL

En quelle année avez-vous passé votre Première E ?
Ech hu meng Première 2004 gemach.

Quelles études avez-vous faites par la suite?
Ech si mat engem gudde Klassekomerod, dem Tom Schmit – deen elo als Maquettiste schafft – op Innsbruck Architektur studéiere gaang. Ursprünglech wollt ech 3D-Animatioun op Paräis léiere goen wat awer leider deemols net leeschtbar fir mech war.

Dans quel secteur travaillez-vous actuellement ?
Ech schaffen elo als 3D Artist fir Architektur- a Produktvisualiséierungen.

Quel est votre meilleur souvenir d’un rendu à l’Athénée ?
Ee vun deene wichtegste Momenter fir mech war sécherlech mäin éischten 3D Projet, deen ech beim Här Salvi am Fach “Design” gemaach hunn, et waren Parfumsfläschen, deemools am Cinema 4D. Wat ech nach immens genoss hunn, awer leider haut guer net méi maachen, war d´Fräihandzeechnen.

Qu’est-ce que la section E vous a-t-elle apporté dans votre parcours professionnel ?
Ech hu virun allem meng Leidenschaft fir 3D entdeckt. Wat mir och vill bruecht huet waren di ganz Aarbechten am Adobe Illustrator fir spéider Plakater während dem Architekturstudium ze maachen, dann natierlech d´Fräihandzeechnen fir d´Entworfsprozesser an awer och Bildanalysen a Kompositiounen ze verstoen. Leider hat ech deemools versäumt Fotografie als Optioun ze wielen, dat wier sécher och immens vu Virdeel gewiescht a sollt fix integréiert ginn.

Et pour finir, un conseil pour les élèves actuels…
Danzt roueg mol ausserhalb den Normen a gitt Risiken an. Fannt Iech selwer och wann dat dauert. Dir musst net ëmmer jiddferengem et recht man. An et ass sécher keng Schan en ugefaangent Studium ofzebriechen, wann Dir mierkt, datt et net de richtege Wee fir Iech ass)

Ralph Mousel
renderwerk

Patrick HARBOUN

Quelles études avez-vous faites par la suite?
Master en réalisation numérique à Supinfocom.

Dans quel secteur travaillez-vous actuellement ?
Effets spéciaux numériques pour le cinéma (Pirates des Caraïbes, Ghost In The Shell, Godzilla, Skyfall,…)

Quel est votre meilleur souvenir d’un rendu à l’Athénée ?
Un projet conceptuel sur le contrôle réalisé sous forme de photographie et essai.

Qu’est-ce que la section E vous a-t-elle apporté dans votre parcours professionnel ?
La plus grande révélation fut le principe de penser horizontalement et ébaucher plusieurs idées au lieu de se lancer à fond dans la première idée venue.
Aussi, l’histoire de l’art me sert quotidiennement à contextualiser toute création.
Finalement, l’effervescence mutuelle entre les élèves était une superbe source d’inspiration.

Et pour finir, un conseil pour les élèves actuels…
Le talent n’est que la cerise sur le gâteau. J’ai rencontré beaucoup d’artistes très doués mais fainéants, et qui ne sont arrivés à rien.
Ce qui fait la différence, c’est l’assiduité, càd, avoir la gnaque, bosser le plus et prendre des initiatives.

Showreel Patrick Harboun

Frank MICHELS

En quelle année avez-vous passé votre Première E ?
En 2003.

Quelles études avez-vous faites par la suite?
J’ai commencé avec des études d’architecture à la ,,Universität der Künste (UdK) Berlin’’, avant de changer à mi-chemin pour des études de design de produit (design industriel) à la ,,Fachhochschule Potsdam’’, où j’ai obtenu un Bachelor en 2010.

Dans quel secteur travaillez-vous actuellement ?
Je suis designer industriel indépendant, résidant toujours à Berlin. En collaboration avec un ancien ami d’études, j’ai créé une boîte qui travaille en tant que ,,designers d’auteurs’’ pour des entreprises internationales, majoritairement dans le meuble et l’accessoire.

Quel est votre meilleur souvenir d’un rendu à l’Athénée ?
Les premiers projets en ,,design et architecture’’ auprès du professeur Salvi m’ont apporté beaucoup de plaisir, parce que pour la première fois j’ai dû articuler un projet complexe qui reliait une vision visuelle (style) à un scénario fonctionnel (narratif / construction / dessin).  Ces projets m’ont fait passer mes premières nuits blanches afin d’obtenir un bon travail.

Qu’est-ce que la section E vous a-t-elle apporté dans votre parcours professionnel ?
Le goût de poursuivre mes études dans le créatif! La passion, il faut déjà l’avoir en soi, mais la section E peut vous aider à trouver le bon rail.

Et pour finir, un conseil pour les élèves actuels…
Visitez les musées, lisez les bons livres et parlez ouvertement avec les professionnels. En plus, allez faire de nombreux stages auprès des artisans, agences et bureaux dont le travail vous inspire. Le plus important: Allez étudier dans les meilleures universités et travaillez en équipe avec les personnes les plus douées, même si le défi semble difficile à assumer.

site Geckler Michels